De multikulturelle Lëtzebuerger Kontext, suggeréiert verschidden Approchë fir esou Stécker ze schafen. De Projet gleeft drun, datt all Sprooch a jidder Publikum wichteg ass.
Esou wëll ee keng Grenze fir kreativ Prozesser schafen, oppe bleiwe fir nei Plazen a Méiglechkeeten ze exploréieren.
Dat eigentlecht Konzept vum Kappkino, dréit ronderëm déi perséinlech Perceptioun an déi divers Interpretatiounen, déi aus individueller Perceptioun entsprangen, an déi all Nolauschterer eng Geschicht anescht erfueren doen. Individuell Erfarungen, bréngen also en differenzéiert Verständnis.
Bis elo si vu Lëtzebuerg vrun allem Audio Produktioune fir Kanner erauskomm.
Mat ‘Kappkino’ viséiere mer e méi aussokräftegen Inhalt fir Erwuessener ze produzéieren. D’Kombinatioun vun enger flotter Geschicht, mat Musek an Theater ze verbannen, wëll de Leit eng nei Zort Experienz nobréngen.
Fir d’Produktioun och fir de large Publikum erhältlech ze maachen, konzentréiere mir eis op zwou Komponenten: d’Kreatioun vum Héierstéck fir den Theater – an op d’Ophuele vun der ganzer Produktioun. Et ass schonns ee Kappkinostéck op Vinyl gepresst a verëffentlecht ginn.
Deen oppene Charakter an déi multikulturell Approche, déi verschiddenen Auteuren a verschiddene Sproochen zu Wuert komme loossen, ginn dem Projet ‘Kappkino’ Chancë fir och ausserhalb vu Lëtzebuerg ënnerscheedlech Leit ze erreechen.