Déi éischt Episode vu Kappkino – “Kappkino 1 : Wou ginn Elteren Nuets hin?” ass 2017 entstan, an Co-Produktioun mam CNA an Opderschmelz.
D’Stéck ass dunn och op anere Bünen opgefouert ginn – Opderschmelz, Neimenster, Escher Theater, Kulturfabrik Esch, Kulturhaus Mersch an am Nidderanvener Kulturhaus.

2018 ass ‘Kappkino 1 : Wou ginn Elteren Nuets hin?’ zu Diddléng am Auditorium vun Opderschmelz vum CNA opgeholl ginn an ass op Vinyl op de Maart komm. D’Opnam ass op der Frankfurter – an der Leipziger Buchmesse virgestallt ginn. De Choix vum Vinyl, als Support fir d’Lauschterstéck, war einfach – bréngt de Leit déi méiglech beschte Lauschterexperienz Heem.
Et lauschtert een eng Plack einfach anescht, setzt sech anescht domadder ausereneen, wéi mat enger Online Source. D’Plack ass hei erhältlech.

D’Plack ass op Lëtzebuergesch an Däitsch ze kréien. Ee vun den Objektiver vun Openscreen ass, gläichgesënnte Geeschter beieneenzebréngen.
Eng Franséisch an Englesch Iwwersetzung si fir jiddereen disponibel, deen e bësse Lëtzebuergesch verstoe wëll an et ass an engems eng flott Manéier fir e puer Sätz op Lëtzebuergesch ze léieren.
Op Ouschterméinden 2020, ass Kappkino 1 dunn iwwert de Radio 100Komma7 ausgestraalt ginn a fir zwou Wochen als Download op dem Radio senger Internetsäit zum Download zur Verfügung gestallt ginn.

D’artistescht Team hannert der Kreatioun ‘Kappkino 1 : Wou ginn Elteren Nuets hin?’ ass :

Text : Claudine Muno
Erzielung : Betsy Dentzer
Musek : Nataša Grujović, Misch Feinen
Regie : Daniel Tanson
Produzentin: Tanja Frank

Wärend dem Lockdown, hu mir eng speziell Ausgab vum Kappkino produzéiert. En extrem reduzéiert Team huet se realiséiert, den haarde Kär aus der éischter Episode – d’Claudine Muno, d’Betsy Dentzer a de Misch Feinen,.
De Kappkino: Eng Geschicht ouni Baart gëtt dem Publique op Nationalfeierdag, den 23sten Juni präsentéiert. Et handelt sech hei ëm eng Co-productioun vum CNA, dem Radio 100Komma7 an der Kulturfabrik. D’Stéck ass geschriwwe vum Claudine Muno an inspiréiert sech um H.C. Andersen sengem “The shadow”.
D’ Geschicht gëtt fir d’éischt Kéier den 23sten Juni, um 8.05 Auer moies iwwert den 100Komma7 ausgestraalt.
Trotz dem neien “Normal”, hoffe mir « Kappkino: Eng Geschicht ouni Baart » och als Liveexperienz op d’Büne vu de kulturellen Zentren a Lëtzebuerger Theateren ze bréngen. Ausserdeem gëtt d’Stéck och op Vinyl erausbruecht.
D’Superheroteam, wat wëlleg a kapabel war, de Projet a ganz komplizéierten Zäite vu Coronavirus duerchzezéien, ass :
Text : Claudine Muno – D’Claudine Muno ass eng erfollegräich Lëtzebuerger Schrëftstellerin a Musekerin. Vu, dat mer gutt mateneen fir déi éischt Produktioun gefuer sinn « Wou ginn d’Elteren nuets hin ? », louch et op der Hand, Si fir eng eege Versioun vum H.C. Andersen sengem “The Shadow” ze froen.
Erzieler : Betsy Dentzer – D’Betsy Dentzer schafft op grousse Bünen, wéi z.B. der Philharmonie, de Rotondes oder dem Wiener Konzerthaus, haaptsächlech an Theaterstécker, déi Musek an Narrativ matenee verbannen. Si huet Theaterpädagogik op der Universitéit zu Berlin studéiert.
Musek : Misch Feinen, Percussion & Objeten – De Misch Feinen ass e richteg multitalentéierten Artist, deen am richtege Sënn vum Wuert , am Klang an am Konkreten schafft. Hien ass e vollkommenen Museker, deen sech am experimentelle Jazz doheem spiert an dem Betsy seng captivant Stëmm perfekt completéiert.
Klang : Ken Nnganyadi – De Ken ass responsabel fir dee brillante Klang, opgeholl a gemastered am Philophon Studio. Mat Philophon hu mir dat richtegt Haus, mat engem déiwem Verständnis vum Format.

Jana Montorio - writer of Kappkino 3
Jana Montorio, Schrëftstellerin, Kappkino 3
photo: Emile Hengen 

Kappkino 3 wäert ganz warscheinlech 2022 realiséiert ginn. Momentan schreift d’Jana Montorio un där neier Story fir déi nächst Oplag.  Déi vun der Focuna ënnerstëtzte Schrëftstellerin, schreift op Tschechesch a Franséisch a mécht dem Projet Kappkino weider Dieren op fir ze reesen an vu neiem Publikum gelauschtert ze ginn. Den Aarbechtstitel fir Kappkino 3 ass bis elo “Fais dodo, mon petit frère.”